dbpGeschter Owend war endlech den Release vum fonkelneien Album vum Daniel Balthasar, “Palpitations”. Et war en wirklech gelongenen Owend. Mat enger Show an flotter Ambiance ganz à la Melu huet den Daniel Balthasar Publikum iwwerzeegt mat enger 90 Minutten Show dei souwuel Klassiker wei eng gudd Retsch nei Lidder enthal huet, an souguer en Steck, wat “sou nei war dass et reicht op der nexter CD as”. Och “My nemesis” war nees mat dobei, an enger spezieller Versioun dei zum Schluss richteg gerockt huet.

Den dretten Album ass also elo eraus an et ass wirklech en qualitativt gudd Wierk. 12 Tracks (incl. denen 3 eischten Singles, I/U, Lock an Surprised) an een Kurzfilm vum Veronique Kolber (wei keint et och anescht sin) sin op der CD. Seit geschter owend leeft CD bei mir non-stop an ech sin wierklech begeeschtert an geing souguer sou weit goen an se als sein bis elo beschten Wierk bezeechnen. Ganz flott Arrangements, schein Melodien, eierlech Texter, an opmanst 10 radiotauglesch Tracks mat Hit garantie.

img_0055-1Niewt Viva la Vida and death of all his friends vun Coldplay an Stadtaffe vum Peter Fox ass dessen Album fir mech den Beschten vun 2008. Ween dat gudd Steck och gär hätt, den kritt se zu Letzebuerg an all gudden CD-Buttek (dei leider och emmer mei rar gin) oder ab Januar op Itunes an warscheinlech weideren Download-plattformen oder Online shops.

Ausserdem ass an denen nexten Deeg en Reportage vun der Release show op Eldo Tv ze gesin !

4 Responses to “Palpitations: Out now”

  1. C. Says:

    Moien Joel.
    Ech wollt dech mol froen, fierwat mes du dathei?
    Ech verstin et nemlech net.

    • jaybeesblog Says:

      Salut C.

      dat as net schweier: ech schreiwen halt gär iwwert alles meigleches.
      ech kann verstoen dass du et net verstees.

  2. C. Says:

    Ech kann verstoen dass een gaer schreiwt.
    Mee fierwat sou Mainstream, an guer net kritesch?
    Ech respekteiren dat, mee reizt et dech net eppes ze schreiwen, wat net nemmen der Ennerhaalung dingt?

  3. jaybeesblog Says:

    ehm bezitts de dech elo speziell op den blog post bei dems de en comment hannerleis oder allgemeng ?

    ech schreiwen gären kritesch, sou lang et eppes ass wou ech och wirklech richteg bescheed wees an well et eben souvill sachen gin wou ech mech elo kritesch keint äusseren, et awa net machen well ech dofir vlait net genuch informeiert sin, bleiwen ech halt bei dem wat ech am beschten kann. An zwar iwert dei Themen oder dei Sachen (ech hun et guer net gär dat Wuert “Sachen” ze gebrauchen mee bon) dei mir gefalen, an iwwert dei ech eppes ze soen hun.

Leave a Reply